Vu Greng Scouten a Guiden
Moie léif Wëllefcher!
Bass du prett dech mat vollem Asaz an d’Fréijoer ze stierzen? Gutt Wieder an natierlech lauter flott Aktivitéite stinn um Programm. Mär hoffen du bass mat dobäi, well mär sinn et sécher!!
Samschdes, de 5. Mäerz 2011
Hues du schon eppes vum King Louis sengem Kasino héieren ? Nee ! Majo da komm séier erop op de Bierg, wou dech vill Spiller wäerten erwoarden. Eng gratis Entrée an Chips stinn am Chalet fir dech bereed. Bréng um 16 Auer ee Sak voll Gléck mat, wou’s du um 18 Auer villäicht mat Millounen heem kanns goen.
Samschdes, den 12. Mäerz 2011
Dëse Samschden treffe mär eis schon moies um 10 Auer um Bierg, well d’Cheffe mëttes op d’Agape ginn. Wëlls du wësse wat mär haut schaffen? Mär soe just d’Fréijoer steet gläich virun der Dier. Dat Ganzt dauert bis 12 Auer.
Ganz wichteg : bis haut nach d’Souche matbréngen fir d’Sortie den 19. Mäerz 2011.
Samschdes, den 19. Mäerz 2011
Op dësem Dag treffe mär eis um 10 Auer zu Diddeleng op der Gare a maachen eis mam Zuch a Richtung Stad. Dës Aktivitéit ass nees um 18 Auer fäerdeg, och zu Diddeleng op der Gare. Wat maache mer ?
E Rallye duerch Stad mat de Wëllefcher vun den Dippecher Dachsen. Daat heescht du brauchs dem Wëllefche seng 5 Saachen (Vademecum, Bic, Bloc, Nueschnappecher an 1 Meter Ficelle), 10 Euro (do ass den Transport matgerechent & Iessen a Gedrénks, w.e.g. kee Pick-Nick matginn), e klenge Rucksak mat engem Bidon Waasser dran, dem Wieder ugepasste Kleeder a gutt Schong fir ze trëppelen. D’Souche (op der nächster Säit) w.e.g. ausfëllen a bis den 12. Mäerz 2011 bei engem vun denge Cheffen ofginn.
Ausserdem ass Uniformsdag bei eis um Bierg vu 15 Auer un. Hei hues du d’Méiglechkeet där e Foulard ze kafen wanns du nach kee solls hunn.
Samschdes, de 26. Mäerz 2011
Haut hu mer keng Réunioun um Programm stoen, well är Cheffe mat op d’Floossfahrt ginn.
Samschdes, den 2. Abrëll 2011 a Sonndes, den 3. Abrëll 2011
Haut ass bei de Wëllef vun der FNEL den Zirkus um Sixplo zu Iechternach. (Détailer hutt där an engem Bréif matgedeelt kritt, deen am Januar verschéckt ginn ass. Dëst betrëfft och nëmmen déi Wëllef, déi sech ugemellt hunn.)
| RDV | Samschdes (Sixer a Second): 14.30 Auer um Glacis |
| Sonndes (Wëllefcher): 09.00 Auer um Glacis | |
| Retour | Sonndes 17.30 Auer um Glacis |
| Präiss | 15 € fir d’Wëllef |
| 25 € fir Sixer a Second |
(Missten am Prinzip schon iwwerwise sinn, ween dat awer nach net gemaach huet, hei nach eng Kéier de Compte vun den Grenge Scouten : BCEELULL LU94 0019 1300 5562 5000 mat der Mentioun „Numm vum Kand & Sixplo 2011“).
9. bis 25. Abrëll 2011
Keng Reuniounen: Ouschtervakanz.
Samschdes, den 30. Abrëll 2011
Wat häls du vun engem flotte Vëlostour op der Haard ? Bass du dobäi ? Da komm séier erop op de Bierg, um 16 Auer starte mer eisen Tour duerch d’Natur.
Wat brauchs du alles? Vëlo, Helm, Bidon mat Waasser gefëllt an Vëlosgezei (dem Wieder ugepasste Kleeder).
Aus Sécherheetsgrënn hale mer drop, dass all Kand en Helm MUSS dobäi hunn!
Dat Ganzt dauert bis 18 Auer. Deng Eltere kënnen dech dann nees um Bierg ofhuelen.
Lénks Patt, deng Cheffen
| Dëss Zeitung (Nummer 68) rooflueden (2,4 MB) | ||
