Vu Greng Scouten a Guiden
Rover/Grizzly
Salut dir léif Grizzly
(Dësen Text gëtt och per Email un all Grizzly verschéckt vun deem mir eng Email-Adresse hunn)
Wat war bis elo:
- 21. September, Kickoff-Versammlung
- 2. Oktober, Apéro Vizfest
- 15. Oktober, Treffen um Bierg
Wat wäert elo sinn:
Freides de 4. November
hu mir en Jeopardy-Owend bei eis um Scoutsbierg. Mell dech w.e.g. bis den 2. November beim Mady un (621 311 709, resp. mady.wegener@dudelange.lu). Lass geet et um 20:00, an d’Versammlung wäert eng gutt 2 Stonnen daueren. Kanner kënnen natirleg och matbruech ginn
Samschdes den 12. November
ass Dag vum Bam. Hei ka jidderee matgoen dee Loscht huet ze hëllefen een (1) Hektar Bësch an der Géigend vu Klierf opzeforsten. Treffpunkt ass 09:35 zu Diddeleng op der Gare, zeréck si mer ëm 18:10. Denk drun dem Wieder ugepasste Kleeder unzedoen an eppes fir ze drénke matzehuelen. Dat Ganzt kascht näischt! Mell dech w.e.g. bis den 9. November beim Yves un (691 455739 oder yves@gaffinet.lu).
Mëttwoch de 16. November
ass Brainstorming fir e Won fir den Niklosëmzuch. De 4. Dezember ginn eis Biber a Wëllef mat op den Niklosëmzuch vun der Diddelenger Gemeng, a mir wëllen erëm emol e flotte Won maachen. Lass geet et mat sech Gehierkrämp huelen ab 20:00. D’Thema wäert “Alice im Wunderland” sinn.
Samschdes de 26. November
ass Wonbauen ugesot (sollt ee gemaach ginn). De ganzen Samschdeg Mëtteg iwwer um Bierg.
Freides den 2. a Samschdes den 3. Dezember
gëtt sécher och nach um Won weider geschafft, avis aux amateurs. Sonndes den 4. ass dann de Niklosemzuch
Vu Freides den 9. Dezember bis Sonndes den 18. Dezember
ass Chrëschtmaart. Hei ass jiddereen virun an hannert dem Comptoir wëllkomm (hannendrun muss awer geschafft ginn). Mëttwoch de 14. Dezember' ass SPECIAL-GRIZZEL-NIGHT. Ab 19:00 sinn hei d’Dëscher reservéiert wou al Geschichten a Fotoë kënne getosch ginn, an dat bei super Chrëschtambiance, engem Jagatéi an enger gudder Schmier.
Samschdes de 14. Januar
stinn Natur pur & GPS um Programm. Mir ginn Geocaching maachen. RdV ass um 15:00 um Scoutsbierg, a mir hoffe bis 17:00 d’Cachë fonnt ze hunn. Mä well et och méi laang kéint daueren, bréng eng Täscheluucht an e Bidon mat [wat och ëmmer dran]. Mell dech w.e.g. beim Tom (owes: 691614718 resp. girardin@gmx.net) un, fir dass mir wëssen wéivill GPSë mir mussen organiséieren. Wanns du solls e GPS hunn, si mir natierlech frou wann’s du eis dee kéins zur Verfügung stellen.
Natierlech nach emol den Opruf sech beim Yves ze mellen fir dass d’Emailslëscht mat den Grizzly-Kontakter méi grouss ka ginn.
| Dëss Zeitung (Nummer 72) rooflueden (1,09 MB) | ||
