Vu Greng Scouten a Guiden
A weider mam Jabel!
Et ass nach e Strapp bis an d’neit Joer an et steet och nach vill Aarbecht un. Mä et ass genuch Zäit fir eis ze ameséieren. Wéi, wou, wat fannt der hei am Programm.
Freides, den 12. November
Mer gesinn eis ewéi ëmmer an der Buvette an déi déi am Verwaltungsrot sinn, ëm 20.15 Auer am Rittersall.
Samschdes, den 13. November
Haut ass Bamplanzaktioun a mer treffen eis mam ganze Grupp beim neie Labo. Weider Detailer op der Säit 2.
Freides, den 19. November
Haut ass Gréng-Bloen Owend bei eis. Méi Info gëtt an engem separaten Bréif an op der 2. Säit.
Freides, den 12. November
Mer gesinn eis an der Buvette.
Freides, den 3. Dezember
Haut ass Masterrot fir de Chrëschtmaart ze organiséieren.
Samschdes, de 4. Dezember
Mer treffen eis ëm 10.30 Auer um Bierg fir d’Zelter fir de Chrëschtmaart opzeriten. Fir d’Iessen ass och gesuergt.
Freides, den 10. Dezember
De Koustall mécht seng Diren op.
Samschdes, den 11. Dezember bis Dënschdes, de 14. Dezember
Mer schaffen eis en Eck eweg um Chrëschtmaart.
Mëttwoch, de 15. Dezember
Gréngt Oldiestreffen am Koustall. Sot jidderengem den e Gréngen ass oder war Bescheed a schleeft e mat.
Donneschdes, de 14. Dezember bis Sonndes den 19. Dezember
Mer schaffe weider am Koustall.
Woch vum 20. Dezember
Mer rappen de Koustall fäerdeg of a raumen alles ewech.
Rutscht gutt an d’neit Joer eran an dot äerch net wéi!
Bis dann, är Chefen an hir Sekretärin
| Dëss Zeitung (Nummer 66) rooflueden (6,76 MB) | ||
