Vu Greng Scouten a Guiden
Salut Explorer!
No der Päischtvakanz realiséiere mer wärend e puer Reunioune de Projet „Woodcarving“. Dëse Projet ass e wichtegen Deel vu menger RUE Formatioun, dofir wär ech frou wann der all gifft mat maache fir dass de Projet eppes gëtt.
Är Fantasie an är manuell Fähegkeete gi gebraucht.
Schaffgezei an déck Schung net vergiesse well mer schaffen dobaussen.
De Bamstamm gi mer an der Woch virum 6.6. mam Fierschter an de Bësch sichen. De geneeën
Datum schécken ech per SMS.
D‘Reunioune sinn all Samsche vu 16.00 bis 18.00 Auer.
06.06.09
Baamstamm schielen a Motif opzeechnen
13.06.09
Motif erausschneiden
20.06.09
Detailer Totem
22.06.09
Cortège fir Nationalfeierdag (Säit 2)
27.06.09
Totem Laséierung, Umeldungssouche fir d’Groupe-Sortie an de Pow Wow net vergiessen
04.07.09
Groupe-Sortie, méi op der Säit 2
11.07.09
keng Reunioun
12.07.09
Pow Wow, Detailer op der Säit 2
Eng flott grouss Vakanz a bis am September!
| Dëss Zeitung (Nummer 58) rooflueden (15,56 MB) | ||
