Iwwer eis

Vu Greng Scouten a Guiden

Wiesselen op: Navigatioun, Sich

Wee mer sinn a wat mer maachen

Aus dem Grupp gouf den 18. September 2004 op enger extraordinärer Generalversammlung eng Asbl. D’Statute goufen den 3. Juni 2005 am Memorial publizéiert.

D’Scoutsjoer 2006/2007 hu mer 35 Joer Meute mixte (Jongen a Meedecher), 35 Joer Gréng Guiden, 35 Joer Pilotes/Explorer (dovun 25 Joer Explorer) an 20 Joer Gréng Biber (déi éischt am Land) gefeiert.

De Grupp huet haut 198 aktiv an 163 Eierememberen an d’Finanze si gesond.

Chef de groupe ass den Yves Gaffinet, d’Sekretariat mécht d’Danièle Nieles a fir d’Kees ass de Christian Ewerard verantwortlech. De President vum Comité protecteur ass den Eugène Schummer.

Eise Masterrot, d’Chefeversammlung, trëfft sech ausser am August all leschte Freiden am Mount fir déi kommend Aktivitéite virzebereeden.

Déi eis uvertraute Kanner a Jugendlech treffen sech, ausser an de Schoulvakanzen, all Samschden. D’Biber vun 14.30 bis 16.00 Auer an all déi aner vun 16.00 bis 18.00 Auer. D’Rover, déi Erwuessen, treffen sech all Freiden ab 20.00 Auer. All Réuniounen ginn am Home Belvédère respektiv am Chalet ofgehalen. Der fand eis um Bierg, d'Enn vun der Jean Friedrich-Strooss, der Plaz déi op der Weich genannt gëtt a bei eis einfach Scoutebierg heescht.

Nieft eisen eegenen Aktivitéiten, sief dat vum ganze Grupp oder de verschiddene Branchen, huele mer och un allen Aktivitéite vun eiser Federatioun, der FNEL, deel.

Zu eisen traditionnellen Aktivitéiten zielen:

  • Déi offiziell Scoutsrentrée
  • D’Erausgi vun eiser Zeitung Fun & Friends
  • D’Vizfest, wou mer selwer d’Äppel kelteren an de Viz offëllen, dat neierdings ëmmer op der Diddelenger Fête des Cultures stattfënnt
  • De JOTA JOTI (Jamboree On The Air, Jamboree On The Internet), deen all Joers weltwäit Scouten a Guide matenee verbënnt
  • Zënter 2004 de Gréng-Bloen Owend, en Treffen mat eisen Diddelenger Scoutsfrënn vun den LGS
  • D’Agape, d.h. e Rallye fir all Chefen, Explorer a Rover
  • D’Participatioun um Diddelenger Niklosëmzuch
  • D’Participatioun um Diddelenger Krëschtmuart
  • D’Generalversammlung
  • De Kannerfuesbal
  • De Vampirekongress, Fuesbal fir Erwuessener
  • D’Buergbrennen mat Fakelzuch
  • D’Floossfart op der Sauer, déi ofhängeg vum Waasserstand ass
  • De Fréijoersbal fir Erwuessener
  • D’Participatioun um Gesondheetsdag Diddeleng
  • De Päischtcamp am Land, wou och eis Wëllsau-Trophée un eng Scouts- oder Guide-Patrull an un eng Wëllefcherssizaine verdeelt gëtt
  • D’Participatioun un de Feierlechkeete fir Nationalfeierdag zu Diddeleng
  • D'Organisatioun vun Auslandscampen

Eis Branchen hunn dann och Weekender, Hiken a Campen am In- an Ausland, ënner anerem hunn eng Partie Gréng Scouten a Guiden um Eurojam (europäescht Treffen vun alle Scouten a Guiden) an um World Jamboree (Welttreffen) am Hylands Park an England deelgeholl.

Eis Uniform besteet aus engem groen Hiem, enger bloer Samettebox mat Scouts-Rimm an engem grénge Foulard mat dem schwaarze Léiw op gielem Fong (Wope vun der Stad Diddeleng). All Member aus dem Grupp huet d’FNEL-Ofzeechen op der lénkser Täsch vum Hiem, d’Bande ‘LUXEMBOURG’ iwwer dëser Täsch. Op dem rietsen Arem (ënnert der Nout) d’Bande vum Groupe ‘GRENG SCOUTEN A GUIDEN’, an d’Zeeche vum Weltscouting (wäiss Fleur de Lys op ronnem violetten Grond) ënnen drënner. D’Badger vun de Wëllefcher a Scouten/Guiden ginn ënnert der Bande vum Grupp an dem Weltofzeechen a Reie vun 3 Badger gedroen.