Eis Scouten/Guiden

Vu Greng Scouten a Guiden

Wiesselen op: Navigatioun, Sich

D’Scouts- a Guidebranche

An dëser Branche sinn Kanner vun 11 bis 15 Joer, déi, no hirer Wëllefcherszeit, ab elo di mechten Zeit a bei all Wierder dobausse sin. Scouten a Guidë léiere wat et hescht an a firun allem mat der Natur ze lierwen, mat Kaart a Kompass emzegoen, dobausse Feier ze man an drop ze kachen, Konstruktiounen aus Holz ze bauen, sie därfen um Camp endlech dobaussen am Zelt schlofen a machen Hiker, wärend denen si Land a Leit kenne léieren.


Mär sinn eng grouss Gemeinschaft vu Leit, déi un dat selwecht gleewen: un e friddlecht Zesummenliewe vu ville verschiddene Persounen entspriechend der Iddie vum Baden-Powell. Dës Astellung fänkt schon an eise Patrullen un. Verschidden Alteren,verschidden Nationalitéiten a verschidde Relioune liewen, schaffen, laachen zesummen a léieren ee vun dem aneren.


An de Patrulle léieren si wat et hescht zesummen ze halen an zesummen ze schaffen. Selbstännegkeet, Responsabilitéit an Eegeninitiativ sin gefrot, frei nom Motto „Learning by doing“ léiert et sech am beschten! Als chef depatrulle (CP) iwerhuelen eenzel Kanner Responsabilitéit fir hir Patrullarden an organiséiere selwer Sortien oder Versammlunge fir hir Patrull, kennen awer emmer an zu all Moment op Hellef an de Rod vun hieren Cheffen zereck greifen.


Durch Badger kennen d´Scouten a Guidë beweise wat si kennen, sierf et Kniet, Kachen, Sport, Orientéierung, Astronomie, Morsen oder villes méi.


Nirwend Konstruktiounen an Actionspillern dobaussen, Sortien a Weekendern mache mer nach vill aner Sachen, déi mat vill Spaass verbonne sin.


No der Montée an hirem Versprierche sin d´Scouten a Guiden e festen Deel vun der Branche. Wärend dem Jota-Joti am Oktober gett mat anere Jugendlechen aus Letzebuerg an op der ganzer Welt gefunkt a gechat an natiirlech versicht d´Jotas-Spill ze gewannen. Des Kontakter, déi opgebaut gin, halen oft laang un. Techenduerch hun d´Patrullen d´Méiglechkeet e Patrulleweekend bei eis am Home ze machen, wousie dann responsabel sin fir Programm, Iessen an Aktivitéiten. Den Explo am Abrell bidd d´Méiglechkeet mat anere Scouten a Guidë vun der Fnel e flotte Weekend ze verbrengen an sech besser kennen ze léieren. De Pow-Wow schließlech schléisst d´Scoutsjoer am Juli of a mechtens geet et da wärend derSummervakanz op e flotte Summercamp am Ausland.


Scouten a Guiden huelen un internationale Campen deel, wou si mat anere Jugendlechen aus aller Welt zesumme kommen, déi di nemlecht Interessen a Werter hun. Des kenne kleng Campe vun e puer honnert bis zu e puer dausend Scouten a Guiden sin. Dat gréisst Erlierfnis ass de „Worls Scout Jamboree“, den all 4 Joer an engem anere Land op der Welt organiséiert gett an un dem em di 30.000 Participate vun allen Deelern der Welt deelhuelen. Hei gett d´Idee vum Scoutismus gelierft!


D´Scouts- a Guidenbranche ass net nemme spannend an ofwiersslungsreich mee durch d´(er)lierwe vun der Iddee vum Scoutissmus entweckele Scouten a Guiden e staarke Geescht, léieren Teamwork an Initiative wéi och Responsabilitéit ze iwerhuele fir sch a fir hir Matmenschen.


D´Scouts - a Guidecheffen