Eis Rover/Grizzly

Vu Greng Scouten a Guiden

Wiesselen op: Navigatioun, Sich
All Chef ass Rover an all Rover ass Chef ! Dat gëllt och fir eis nei Branche, déi vun de Grizzly!

Eng Devise, déi mat de Grénge 60 Joer gefeiert huet an och an Zukunft derzou bäidréit datt mär eis eeneg sinn.

Vum jonke Rover, dee genuch Erfahrung huet fir Chef ze si bis zum ale Grizzly, deen nach ëmmer mat Freed derbäi ass – verschiddener scho méi ewéi 50 Joer – hale mer dem B.P. säi grousst Spill héich.

Learning by doing heescht et bei der grousser Scoutsfamill. An och de Grizzly ka sech vum Biber bis Rover nach neies ofkucken.

An deem Sënn bleiwe mer och weider ëmmer bereed.

Zënter Januar 2007 hu mer zwou Branche fir déi méi al Scouten a Guiden:

  • d'Rover vun 18 bis 26 Joer
  • an d'Grizzly vu 26 Joer un.

Mär treffen eis alleguer all Freiden Owend am Home Belvédère.

Clan-Chefen

Image:Icon_todo.gif Nach ze maachen