Eis Explorer

Vu Greng Scouten a Guiden

Wiesselen op: Navigatioun, Sich

Mat eis nei, ausgefalen an interessant Iddië realiséieren
Mat entscheeden
Mat Frënn zesummen eng starten

Mär sinn e Grupp Jongen a Meedercher vu 15 bis 18 Joer a mär treffen eis all Samschdes Mëttes um Scoutebierg. Mär hunn ee flott Zëmmer, dat mär selwer no eisem Goût ageriit hunn. Beim Programm ka jidderee säi Pefferkäerche bäileeën.

Nieft traditionelle Scoutsaktivitéiten ewéi Orientéierung, Kachen a Floossfarten, bedreiwe mär eis Funkstatioun, interesséieren eis fir nei Medien, gi Schlittschung fueren, ginn an d´Schwemm, fotograféieren an entwéckelen eis Fotoë selwer, dréie Filmer, léieren éischt Hëllef an 1001 aner Saachen. Nei Iddië si wëllkomm.

Mär organiséiere flott Weekender an Hiken, gi Päischten eng Woch am Land op de Camp, campéieren am Summer am Ausland a ginn am Wanter zesumme Schi fueren.

Jidderee ka matmaachen a matbestëmmen. Bei eis gëtt Kollegialitéit grouss geschriwwen.

Chef d'Unité Explorer