Eis Biber

Vu Greng Scouten a Guiden

(Virugeleet vun Biber)
Wiesselen op: Navigatioun, Sich

Deelen, deelen, deelen

Dat ass d'Devise vun de Biber, der jéngsten Equipe bei de Grénge Scouten, an dat Deele léiere mer och niewent villen anere Saachen. D'Gréng Scouten a Guide ware viru méi ewéi 20 Joer och den éischte Grupp am Land, deen dës Branche an d'Liewe geruff huet.

Soubal een an d'Spillschoul geet, kann e Samschdes och vun 14.00 bis 15.30 Auer bei d'Biber op de Scoutebierg kommen. Zesumme mat de grousse Biber, spille mär da grad ewéi d'Wëllef, d'Scouten, d'Guiden, d'Explorer, d'Rover an d'Grizzly, dem B.P. säi grousst Spill: de Scoutismus.

Spillen ass dat wichtegst bei eis. Zesumme mat neie Frënn trëppelen, lafen, sangen, koschteren a bastele mär. Déi grouss Biber verzielen d'Geschicht vun de "Frënn aus dem Bësch" a si bréngen eis d'Natur op eng flott Aart a Weis méi no.

Eis Kolonie besteet aus klenge Biberfamillen, déi zesummen um Biberweier hir Dämm opriichten. All Famill huet de Numm vun deem Holz mat deem si hiren Damm baut.

Biber-Klack

Är Kolonie-Chefen

Image:Icon_todo.gif Nach ze maachen