Päischtcamp 2018

19.05-25.05 

1001 Nuecht zu Reiler

Eis Zelter gi vum 19. bis den 25. Mee zu Reiler opgeriicht. D’Biber an d’Wëllef schlofen dobannen am Home, d’Guiden, d’Scouten, d’Explorer, d’Rover an d’Grizzly op der Campplaz. D’Biber sin vum 19. bis den 21. Mee um Camp.

Elterebesuchsdag ass dëst Joer Méindes, den 21. Mee. Nom Iessen, géint 15.00 Auer, geet et op e flotte Rallye. Umelle kënnt dier iech op der Plaz an der Buvette. Bréngt just e Bic mat, wann der wëllt mat trëppelen.

D’Elteren solle fréistens ëm 11:00 Auer op de Camp kommen. Fir déi traditionell Pasta Asciutta, Jux an Zodi ass ewéi gewinnt gesuergt. Mellt iech w.e.g. un an denkt un är Telleren, Besteck a Sëtzgeleeënheet.

Deen Dag ass dann och den Retour vun de Biber. Hei kënnen d’Elteren hir Kanner mathuelen. De Retour vun de Wëllef, Scouten an aner Jugendleche mat hire Cheffen ass Freides, den 25. Mee ëm 16.40 Auer zu Diddeleng op der Skaterpist.

Adress vum Camp:


Maison 84

L-9768 Reuler

 

Die Kommentarfunktion ist geschlossen.