Convocatioun fir d’Generalversammlung 2018

 

D’Generalversammlung vum Grupp an déi vum Verwaltungsrot ass Freides, den 02. März 2018 ëm 19.30 Auer am Chalet.

Mär invitéieren heimadder all Effektiv- an Éieremember vun den "Grénge Scouten a Guiden Diddeleng A.S.B.L.", d’Memberen vum Comité Protecteur vun eiser Associatioun esou ewéi d’Elteren vun eise klenge Memberen häerzlech op eis Generalversammlung. Desweidere sinn d’Membere vun "Les Amis des Gréng Scouten a Guiden Diddeleng A.S.B.L." och op hir Assemblée invitéiert. Eis aktiv Memberen si gebieden an Uniform ze kommen. Merci am Viraus!

 

Ordre du Jour – Assemblée Groupe

– Begréissung an Aktivitéitsbericht vum Chef de groupe

– Aktivitéitsbericht vun de Branchen duerch d’Branchecheffen

– Finanzbericht vum Trésorier

– Rapport vun de Keesserevisoren

– Diskussioun vun de Rapporten

– Bestätegung oder Neiwal vu Posten an Revisoren

– Virstellung zum Zukunftsprogramm duerch de Chef de groupe

– Éierung vu laangjährege Memberen

– An dono Usprooch vun de Vertrieder vun der Gemeng

 

Ordre du Jour – Assemblée Verwaltungsrot

– Begréissung duerch de President

– Aktivitéitsbericht vum Secretaire

– Finanzbericht vum Tresorier

– Rapport vun de Keesserevisoren

– Diskussioun vun de Rapporten

– Virstellung zum Zukunftsprogramm

– an dono Usprooch vun de Vertrieder vun der Gemeng

Lénks Patt, de Masterrot an de Verwaltungsrot

Die Kommentarfunktion ist geschlossen.