Rentrée 2017

14. September: Assemblée générale ordinaire 2017 FNEL

Dëst Joer gëtt d‘FNEL’s AG vun den Hoga um Fetschenhaff (Home FNEL 61a, rue de Trèves L-2630 Luxembourg) organiséiert.

16. September : Rentrée

D’Aschreiwungen fir dat neit Joer a fir d’Formatiounen sinn vun 15:30 –18:15.

16. – 17. September : Indian Summer & Cheffendag

Dëse Weekend ass net nëmmen eis Rentrée, mais och den Indian Summer vun der FNEL an de Cheffendag (Sonndes) um Misärshaff.

23. September : Grouss Porte-Ouverte vun 15:00 bis 18:00 Auer

All eis Branchen organiséieren flott Aktivitéiten, wou ee kann gesinn wat “Scout sinn” heescht an jiddereen kann matmaachen. Breng deng Frënn mat. Mir weisen haut den Elteren all d’Material, wat d’Kanner an de Scouten brauchen an äntweren op all Froen.

Eise Verwaltungsrot an eis Grizzly’en hunn eng Buvette a si grillen a baken de ganze Mëtteg Eisekuchen fir eis.

 

All Détailler fannt Dier hei an eisem aktuellen:     Fun & Friends

 

 

 

 

Die Kommentarfunktion ist geschlossen.