Päischtcamp 2017

vum 3. bis den 9. Juni zu Tandel.

Asien

D'Scouten, d'Explorer, d'Rover an d'Grizzlyen sin an den Zelter op der Campplaz.

D'Wëllefcher schlofen an der Hal.

Den Départ vum Bus ass Samschdes den 3. op der Skaterpist. Mir treffen eis hei an Uniform ëm 13.oo Auer mat eisem Gepäck derbäi.

Heihinner komme mer och Freides den 9. ëm 17.oo Auer zereck.

 

Den Avant-Camp (fir d'Cheffen an d'Grizzlyen) geet Freides den 2. Juni ëm 16.oo Auer zu Tandel un.

Elterebesuchsdag ass Méindes den 5. Juni ab 11.oo Auer.

Mellt iech un fir di traditionell Pasta asciutta a brengt är Telleren, Besteck a Sëtzgeleeënheete mat.

 

Die Kommentarfunktion ist geschlossen.