d’Versammlungen 24. Oktober 2015 !!!

Wéinst enger onerwaarter Panne an der Imprimerie, ass et eis net méiglech d'Zeitung an engem vernünftegem Delais eraus ze bréngen.

Dofir hei d'Versammlungen vum Weekend (24. Oktober 2015) am Iwwebléck:

Biber:

De Bësch kenn der alleguer, mee wat weess där wierklech alles wat am Bësch geschitt?  Haut gi mer dofir zesumme mat de Wëllefcher an de Bësch a kucken eis do all déi flott Saachen un, déi de Bësch eis ze bidden huet. (E)

Wëllef:

Haut ass vu 16.00h – 18.00h eng normal Versammlung um Bierg. Haut muss du a flotte Spiller beweisen, waats du schonn iwwer d’ Scouten an d’ Natur weess.

Opgepasst: Haut ass och Eltereversammlung! Dat ganzt ab 18h15 am Chalet.

Scouten:

Haut ass eng Versammlung iwwert Natur an den Naturbadge! Mir ginn dofir an de Bësch a wäerte lauter flott Saachen entdecken! Bréng däi Scoutsbichelche mat, dat hëlleft dir Beem, Planzen a villäicht souguer Déierespuren

ze bestëmmen!

Explorer:

Pimp my Explorerzëmmer ass lancéiert! Bréng Schaffhändsche mat, a vill Motivatioun (vun 16:00 bis 18:00 Auer)

Merci fir äert Verständniss,

 

Die Kommentarfunktion ist geschlossen.